A nos élèves en luxembourgeois: tentez donc la recette!

0 Comment


BOXEMÄNNERCHER

Wie kennt se net? Déi gutt Boxemännercher. Et schéngt, wéi wann ee se vu Joer zu Joer ëmmer méi fréi beim Bäcker fanne géing, och wann se eigentlech typesch fir Niklosdag sinn. Den een huet se gär mat bësse Schockela dran, den anere fënnt se besser mat enger Zockerglasur. Et kann ee se awer och klassesch mat Korinte genéissen, hautzedaags fënnt ee vill Variante vum Boxemännchen.

Déi berüümt Männercher kann een awer och ganz einfach selwer maachen an zemools mat Kanner, ass dat eng flott Aktivitéit. Als Kand, huet meng Mamm all Joers d’Rezept vun hirer Guet rausgekromt, fir mat eis Boxemännercher ze baken. Och ech hunn déi Traditioun e bësse bäibehalen a baken och lo nach all Joer mat Freed a Léift dëst Gebäck! Wann Dir och esou eng Traditioun wëllt ufänken, oder einfach Loscht hutt passend zur Saison ze baken, da weisen ech Iech mäi Rezept.

Fir +/- 8 Männercher, braucht Dir:

500g Miel

60g Zocker

¼l wotlech Mëllech

100g Botter

1 Pak Hief

bësse Salz

3 Eeër

no Loscht a Laun Saache fir ze dekoréieren (Zockergoss, Korinten, Schockela,..)

Esou geet et:

1. De Schäffchen op 180 Grad (Ober-Unterhitze) wiermen.

2. Et fänkt een u mat engem Virdeeg. Dofir gëtt een all d’Miel an eng grouss Schossel an et formt een an der Mëtt eng Kaul. Et schëtt een e bësse vun der wotlecher Mëllech an eng Taass an et léist een d’Hief doranner op.

3. D’Mëllech mat der Hief schëtt een an d’Kaul an et réiert een se mam Fanger mat e bësse Miel vu ronderëm zu engem klenge Virdeeg. D’Schossel gëtt mat engem Kichenduch fir ongeféier 20 Minutten zougedeckt, sou kann de Virdeeg opgoen.

4. No der éischter klenger Waardezäit, kommen d’Hänn zum Asaz. Bei de Virdeeg kommen elo d’Salz, den Zocker, d’Eegiel vun 2 Eeër, déi restlech Mëllech an d’geschmolte Botter. Et klappt a kniet een den Deeg sou laang, bis en net méi un der Schossel peche bleift an een eng Bull forme kann. Heiansdo muss een nach e bësse Miel dobäi ginn, fir dass en net ze naass ass.

5. Dësen Deeg léisst een nees zougedeckt opgoen. Et ass wichteg, dass d’Schossel net am Zoch steet, Hiefdeeg huet et ëmmer gär gemittlech a waarm.

6. No enger gudder Stonn kann een en éischte Bléck op den Deeg werfen. Wann e scho gutt u Gréisst a Volumen zougeluecht huet, kann et mam Forme vun de Boxemännercher lassgoen. Am anere Fall, léisst een en einfach nach weider e bëssen opgoen.

7. Fir d’Forme vun den eenzele Männercher ginn et sécher verschidden Aart a Weisen. Ech perséinlech, trenne mer ëmmer eng kleng Bull vum Deeg of, drécken se platt zu enger ovaler Form an huelen dann d’Messer erbäi, fir de Kapp, d’Ärem an d’Been ze formen. Dann dréckt a formt een den Deeg sou laang bis een zefridden ass.

8. Dat 3. Ee klappt ee mat e bësse Mëllech op, fir d’Boxemännercher um Blech domadder ze bepinselen. Doduerch kréien si hir schéin, glänzend, brong Faarf. Schlussendlech kommen d’Männercher da fir ongeféier 25 Minutten an de Schäffchen.

Ech hu meng Boxemännercher lo net weider dekoréiert, well ech se gär an der Mëtt opschneiden an e bësse Gebeess dropmaachen. Dir kënnt do awer wierklech no Loscht a Laun dekoréieren. Dëst Rezept kann een och wonnerbar fir anert Hiefgebäck benotzen, wéi zum Beispill den traditionelle Kiermeskuch.

Vill Spaass beim Baken a loosst Iech d’Boxemännercher gutt schmaachen.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.